Action, Animation, Comedy, Family, Made in Luxembourg
Sprache
Deutsch, Luxemburgisch, Englisch
An engem Laboratoire an engem Schlass, dat héich iwwer enger Stad steet, bréngt dee verrécktste vun de verrécktste Professere monstréis Kreaturen (bal) un d’Liewen… a vergësst se direkt. Mee wie këmmert sech dann ëm d’Schlass? Wie këmmert sech ëm d’Monsteren? Ma dat wier de Bitzbouf, dem Professer seng alleréischt Kreatioun. De Bitzbouf mécht déi ganz Aarbecht an de Professer mierkt et mol net. Mee haut trëfft e schappege Monster-Zirkus an der Stad an a säi Besëtzer, de Fulbert Freakfinder, sicht verzweifelt no enger neier Attraktioun. Kuerz dono erschéngt hie virun der Schlassdier a versprécht dem Bitzbouf Bekanntheet, Räichtum… a LÉIFT.